La forêt au Cents

Écologie

24 septembre 2020: Lettre du SIILFC à la Ville de Luxembourg concernant le sentier du Tawioun

21 août 2019:

Moien
Mir woren mam Fierschter an eisen Bësch wëll der jo bestëmmt schon festgestallt hutt des nees Arbechten gemach gin. Losst eis awer domadder ufänken fir ze erklären des mir hei bei eis vun enger „forêt de récréation“ schwätzen. Dat heescht et ass een Bësch den gemach ass fir des d’Leit sech do kënnen entspaanen.
Mir haten iech jo schon eng Kéier als Info weidergin des den Bësch misst gebotzt gin. Elo kruten mir nach mei Informatiounen zu denen Arbëschten die elo hun missen gemach gin, an awer och firwat des se elo gemach gin.
Wie der gesin hat woren Spezial Gerätschaften an den Ansatz komm, fir kënnen Beem aus der Pente erop ze huelen. Des Geräter goufen et virun en puer Joëren nach net. Wie der wësst woren die eischt Arbechten die gemach goufen Tester fir ze kucken ob een dat iwwerhaapt hei kinnt réaliséieren. Eis Beem mei genee eis Bichen sin krank. Et gesait een et zwar direkt, mä et réaliséiert een net wie krank se sin.
Hei drënner en puer Photoen vun der Krankheet die do heescht „Rindenkrebs“ oder „Buchenkrebs“. Krebs ass eigentlëch dat falscht Wuert wëll et handelt sech hei em een Pilz den ganz aktiv ass, an d’Sporen stiechen all aneren Baam un den ronderem steet . Photo 1-4

Wat geschitt elo mat den Beem:
Den Pilz mëscht des sech do am Wanter d’Fiischtegkeet an den Baam dran setzt, wat zu Fäulnis féiert.
Die Beem mussen onbedingt eweg kommen. Leider kunnt ni eppes gemachgin, sou des mer ganz vill krank Beem hun.

Eng aner Begrënnung firwat des Beem eweg kommen ass des den Risiko besteet des se bei engem nächsten Sturm emfaalen an dann alles matrappen op hirem Wee an d’Neiduerf respektif an Clausen. Bis elo haten mer nach ëmmer Chance, mä mir wëllen jo awer net des engem en Leed geschitt.

Eng drëtt Begrënnung ass des den Fieschter muss een Wee machen fir kënnen den Bësch botzen ze goen. Dat geet net mat den Päerd wëll mer zevill Steigung hun.
Se hun och missen eng Platz schafen fir ze dréinen dat gesitt der Foto 5.

An dann sin nach vill doudeg Beem do gewiescht ,die beim läschten Sturm emgefall sin wëll se schon doud waren.

Firwat stin elo esou Stëmp vun Beem deruechter, oder laien d’Beem am Bësch .
Kuckt d’Fotoen 6-7.

Hei ass net een wëllen Massaker geschitt, mä dat sin Richtlinien die firgeschriwwen gin vum FSC, dat ass eng Art ITM vum Bësch. Dat leien loossen mëscht des sech do erem Organismen, klèng Insekten asw bilden an entwéckelen die gutt sin fir eisen Bësch.
D’Weeer gin awer derno propper gemach.

Mir mussen elo en bessi laiden fir duerno en flotten gesonden Bësch ze hun wou mer all kënnen dovun profitéieren.

Ech ging iech awer bieden ze warden bis hir Arbechten färdeg sin fir den Wee vum Tawioun Richtung INS nees ze benotzen. Et ass einfach ze geféierlëch.

Et ass ganz interessant wat den Fieschter alles ze soen huet, sou des mer hien gefrot hun fir bei eiser nächster AGO Präsentatioun lanescht ze kommen an eis nach mei ze erklären, mir haten nähmlëch nach en puer flott Ideen fir dat Holz wat mer elo mussen opferen awer villaicht nees um Cents ze verschaffen.

Dossier depuis

2019

Courrier

Category
Ecologie

Ouverture des terrains de tennis saison 2023 /
Opening of tennis courts for 2023 season

Le TCFC a le plaisir d’annoncer l’ouverture de ses terrains de tennis pour le
1 avril 2023. Veuillez trouver toutes les informations pour les cartes de membres et l’école de tennis sur notre site internet https://ballejaune.com/club/tcfetschenhaff-cents

The tennis club of cents is happy to share with all the opening of the tennis courts for 1st of april. Please find all information regarding the membership and tennis school on our website https://ballejaune.com/club/tcfetschenhaff-cents